Virstellung (L)

France  File:Civil Ensign of Luxembourg.svg  Drapeau    Drapeau    Drapeau  Portugal  File:Flag of the Philippines.svg  Wellkomm!

 Salut dir léif Leit ! Wéi sidd dir op mäin site komm ? Hei gesidd dir dass ech och letzebuergesch schwätzen. Ech sin Lëtzebuerger och wann mäin Numm nett esou klengt. Ech hun léiwer de Fendel vum Roude Léiw geholl. och wann deen baal de selweschten ass ewéi deen vun der Province du Luxembourg an der Belsch Bildergebnis für province du luxembourg drapeau, well eise Fendel gett ömmer matt deem hollänneschen verwieselt.

LIES MÄIN SITE WELL DU ZIELS FIR MECH.

Fir all déi Leit di mengen ech kinnt keen richtege Lëtzebuerger sinn 3 Froen:

– Gett et dann e richtege Lëtzebuerger an waat ass daat ?

– Wann et just e Problem vum Numm ass, dann gitt emol op déi aaner Säit vun der Grenz kucken. An der Grenzregioun, ewéi Arel, ginn et vill Leit matt Nimm ewéi Kesseler, Ensch, Bosseler, Thill,… also typesch lëtzebuerger Nimm. Sin di Leit Letzebuerger obwuel se meeschtens keen lëtzebuergesch méi schwätzen oder sin et Franzousen, Belsch, etc. ?

– Wien ass méi Lëtzebuerger: de Mars Di Barolomeo oder de notaire Ensch vun Arel ?

Also t’Zukunft vun eisem Land läit an der Groussregioun mais Lëtzebuerg muss eng féierend Roll hunn. Iwwregens hun ech keng Foto fonnt di Lëtzebuerg charaktériséiert oder vläit sin et och souvill dass ech mech nett décidéieren kann: Veianen, t’Cathedral, di Nei Breck, di Roud Breck, t’Gare, t’Gelle Fra, de Gronn… Die komesch Heiser hei uewen sin Trulli an Apulien, sou typesch Baurenheiser vun deemols. Enner dem filipineschen Fendel fannt dir Foto’en vun ménger léiwer Famill (ech schwätzen keen filipinesch mais meng Fra – filipinesch=tagalog).

Iwwregens: ech hun ni richteg geléiert lëtzebuergesch schreiwen, et sin héichstwahrscheinlech vill Fehler a méngem post. Ech hun verschidden Artikelen op lëtzebuergesch. Prosper-cosmos.lu ass mäin Buch aus dem Joer 2014, dir fant et an der Bibliothéik zu Diddeleng. Kennt Dir Schio ? Schio ass eng Stad an Italien di fir mech ganz speziell ass. Kuckt emol enner “Königin des Friedens”. Ech kritiséieren och ganz vill t’Europäisch Unio’un a méngem site. Et ass mir bewosst dass Lëtzebuerg ganz vill profitéiert vun der EU mais ‘wéi ass et matt Länner ‘wi Italien a Griechenland ? Nee et deet mer leed mais dess EU ass fir verschidde Länner éischter e Nodeel. Europa baut op Solidaritéit mais nett esou, et geet nett dass verschidde Länner einfach ofgehaange gin. Esou en Europa wëlle mir nett ! Et sief och kloergestallt dass di relativ Meenungsfräiheet hei an Europa mir erlaabt Europa ze kritiséieren ouni musse an den Prisong ze landen. Daat hei ass a verschidde Länner nett méiglech.

last but not least: MÉI RESPEKT FIR D’FAMILL WEG !

This entry was posted in Uncategorized. Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.